Déi betraffen israeelesch Geisele géifen an der ëmkämpfter Gazasträif op ënnerschiddleche Plaze festgehale ginn, vun ënnerschiddleche Gruppen och.
Verschidde Geisele géifen awer och zesumme mat Palästinenser ënnert den Iwwerreschter vun der Gazasträif leien, esou d‘Ausso vun engem Member vum Hamas Politbüro.
Aktuell deit näischt op e Waffestëllstand hin. Israel huet an de leschte 24 Stonnen erëm intensiv bombardéiert. Et wieren 63 Leit gestuerwen, mellt d‘Hamas.
USA beméit sech ëm Deseskalatioun tëscht Iran an Israel
Eng méiglech iranesch Attack vun Israel bléif net onbeäntwert. Dat huet den israeelesche Verdeedegungsminister Joav Galant gëschter an engem weideren Telefonsgespréich mat sengem amerikaneschen Homolog Lloyd Austin op en Neits ënnerstrach.
Den amerikaneschen Ausseminister Antony Blinken beméit sech iwwerdeems ëm Deseskalatioun. Hien huet mat sengen Homologen aus China, der Tierkei a Saudiarabien telefonéiert, mat der Demande, den Iran ze berouegen.
Eng Eskalatioun wier net am Interesse vum Iran, war dobäi de Message.