De Programm gëtt och bis 74 Joer verlängert, bis elo gouf d‘Mammografie fir Fraen tëscht 50 a 70 Joer ugebueden.
Och den Depistage fir den Daarmkriibs gëtt an Zukunft fir Fraen a Männer, vu 45 bis 74 Joer un ugebueden, bis elo ass dee Programm réischt vu 55 Joer un ugaangen.
Dës Mesurë sollen erméiglechen, Anomalien nach méi fréi z‘entdecken a preventiv ze handelen.
Domat wier op eng Recommandatioun vum EU-Conseil a vum Conseil scientifique du domaine de la Santé zu Lëtzebuerg reagéiert ginn.