arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fra zu Metz erschoss  

Grenzregioun

|
reading time

1 min

Fra zu Metz erschoss  

An der Nuecht vu Méindeg op Dënschdeg gouf zu Metz eng Fra erschoss wärend si mat hirem Frënd e Video fir op déi sozial Medie gedréint huet. Och de Mann gouf blesséiert.

reading time

1 min

Metz, Frankräich | © picture alliance / Zoonar | Hilke Maunder
Metz, Frankräich (Foto: picture alliance / Zoonar | Hilke Maunder)

Eng drëtt Persoun, déi mat hinnen an d'Klinik gefuer ass, wier net blesséiert ginn. An der Klinik ass déi 31 Joer al Fra dunn un hire Blessure gestuerwen.

Wéi d‘Police matgedeelt huet, hätten 3 bis 4 Persounen op si geschoss. De Parquet vu Metz soll spéiden Nomëtteg weider Detailer ginn.