arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fra stierft bei Bëschbrand am franséischen Aude

Frankräich

|
reading time

1 min

headphones

2 min

play_arrow

Fra stierft bei Bëschbrand am franséischen Aude

Zënter den Dënschdeg brennt et am franséischen Departement Aude, am Südweste vum Land. Eng Fra ass duerch d’Flamen ëm d’Liewe komm. De Premier François Bayrou gëtt am Laf vum Nomëtteg op der Plaz erwaart.

reading time

1 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / Zoonar | Serg Zastavkin
(Foto: picture alliance / Zoonar | Serg Zastavkin)

Et ass de gréisste Bëschbrand vun dësem Summer an een, deen nach vill Schued uriichte kann. Iwwer 13.000 Hektar, verdeelt op 15 Gemenge si schonn ofgebrannt. Zum Verglach: D’Stad Paräis ass ongeféier 10.000 Hektar grouss. Den Dënschdeg Nomëtteg huet et zu Ribaute, tëschent Narbonne a Carcassonne ugefaang ze brennen, de Buergermeeschter vun do sot de Mëttwoch Moien, et géif een dovun ausgoen, datt eng ewechgehäiten Zigarett Ausléiser vum Féier ass. Iwwer 15.000 Pompjeeën an eng sëlleg Läschfligere sinn am Asaz géint d’Flamen, déi awer nach net ënner Kontroll sinn, sou den Direkter vun der Sécurité Civile, de Julien Marion.

Et misst ee sech dorop astellen, datt d’Feier nach op d‘mannst de ganzen Dag weiderbrennt, sou de Marion. Och well d’Feier sech mat nach ëmmer 6 Kilometer pro Stonn immens séier verbreet. D’Flamen hunn och schonn een Affer gefuerdert. Eng 65 Joer al Fra zu Saint-Laurent-de-la-Cabrerisse wollt trotz Opfuerderung net hiert Haus evakuéieren an ass hei verbrannt. Eng weider Persoun gëtt vermësst, 9 goufe bis elo blesséiert.

Am Nomëtteg wäert de Premier Fraçois Bayrou an d’Aude reese fir sech e Bild vun der Lag ze maachen. Schonn éier et den Dënschdeg ugefaang hat ze brennen, stoung d’Departement ënnert der héchster Warnstuf fir de Risk vun engem Bëschbrand.

play_arrow Lauschteren