Déi 685. Editioun vun der Schueberfouer war e Freideg offiziell opgaangen a soll dem Laurent Schwaller no och dëst Joer rëm iwwer 1 Millioune Visiteuren op de Glacis lackelen.
Nei Attraktiounen an Iessensstänn gefalen
Genee Zuelen, wéi vill Leit um éischte Weekend op der Schueberfouer waren, wollt de Laurent Schwaller vun der Stad Lëtzebuerg eis net verroden. Dës Zuel géif an éischter Linn wéinst dem Sécherheetskonzept erhuewe ginn, erkläert hien.
"Mir soen awer natierlech, et läit an deem Trend oder et geet an déi Richtung. A wa mir dat alles elo zesummen zielen an extrapoléieren, virausgesat d'Wieder bleift gutt an d'Leit kommen och virun esou, da si mir effektiv zum Schluss bei 1,5 bis 2 Milliounen. Dat ass déi Zuel, déi mir am Fong all Joer hunn. A mir mierken also, dass d'Fouer konstant ass. Präisdiskussiounen hin oder hier, d'Leit kommen.
De Laurent Schwaller huet och den Androck, datt déi nei Attraktiounen an Iessstänn de Visiteure gefalen.
"Dobäi ginn et 2 Tendenzen. Bei deenen neie Manègen, déi ginn ëmmer direkt ausprobéiert an da ginn d'Leit och op d'Klassiker. Awer mir stelle fest, datt béides am Fong gutt fonctionéiert. Bei der Gastronomie ass et e bëssen ëmgedréint. Do kommen d'Leit, si komme fir d'éischt emol dat iessen, wat si kennen, an dann dat Neit unhuelen. Och do mierke mir, datt et e bëssen awer méi mitigéiert dëst Joer ass, datt déi Neiheeten, déi mir do hunn an der Gastronomie, ganz gutt ukommen."
Et gëtt sech vill vum Programm erwaart
Och d’Foraine wiere ganz zefridde mam éischte Weekend vun der Schueberfouer, seet hire President, de Charel Hary. D’Wieder hätt natierlech gehollef, mee fir déi nächst Wochen erwaart hie sech, datt d‘Schueberfouer awer och onofhängeg vum Wieder vill Leit wäert unzéien.
"Ech mengen, owes waren och ganz vill Leit hei, déi komme jo och gären heihinner, fir déi Luuchten alles ze gesinn. Ech mengen, dat gehéiert jo och do dozou. An ech mengen, dee ganze Programm, dee mir elo nach ubidden, dat heescht vu Buergermeeschterdag, Kinneginnendag, de Lämmy on Tour, an esou weider an esou virun, do ass ganz vill gebueden. A mir erwaarden eis och dofir ganz vill."
Fir de Charel Hary wier den eenzegaarteg an ofwiesslungsräiche Charakter vun der Schueberfouer ee vun den Haaptgrënn fir hir Reussite.