D’Band Foster the People gëtt et schonn zanter 2009. Hire groussen Duerchbroch haten si mat hirer Danz-Hymne “Pumped Up Kicks” am Joer 2011, bei dem sech vill Leit net bewosst waren, datt den Text ëm en Amoklaf an enger Schoul geet. D’Musek huet ze vill agelueden drop ze danzen.
Groussen a faarwege Pop-Album
Bei hirem neisten Album schénge si hiren eegene Sound fonnt ze hunn. De Spaass um Musekschreiwe schéngt zeréck ze sinn. De Pop aus den Albe virdrunner an allgemeng d’Produktioun ass nach e Stéck wäit méi ausgebaut; wei wann et eng nach méi grouss a faarweg Versioun vun hirem éischten Album “Torches” wier.
Och um neien Album huet een d’Kombinatioun vun optimistesche Beats an existenziellen Themen.
Freed als Vermessenheet
Et erkennt ee ganz kloer d’Inspiratioun un der musekalescher Landschaft aus den 1970er Joren. Zu där Zäit gouf et e staarke Kontrast tëschent der Musek an der sozialer a politescher Realitéit, an där d’Léit gelieft hunn.
Genau dat huet de Frontmann vun der Band Mark Foster inspiréiert. Hie probéiert mat dësem Album eng Parallel tëschent den 1970er an 2020er Joren ze zeien. Hie fënnt et interessant, datt et an den 1970er grouss politesch a sozial Tensioune gouf, woubäi d’Musek awer tendenziell glécklech geklongen huet. Deementspriechend géif d’Freed als Vermessenheet benotzt ginn, an dat wëllt hien elo och an eiser Zäit probéieren.
Geschriwwe vum Cally Kerschen