Den DP-Ausseminister huet betount, datt een de Leit net wéilt virschreiwen, wat se bei den nächste Parlamentswalen ze wielen hätten. Hien huet awer dorop verwisen, datt ee Moldawie géif bei de Bestriewunge Richtung EU ënnerstëtzen.
De moldaweschen Inneminister huet déi Initiative vun de BeNeLux-Länner begréisst an huet sech optimistesch gewisen, datt säi Land an d'EU kënnt.
D‘Parlamentswalen Enn September sinn deemno kruzial fir Moldawien, ob déi aktuell pro-europäesch Spëtzt um Rudder ka bleiwen oder net.