search

/ Forcéiert Adoptiounen: Entschëllegung vum brittesche Premier

Groussbritannien

|
reading time

1 min

Forcéiert Adoptiounen: Entschëllegung vum brittesche Premier

De brittesche Premier Keir Starmer huet sech am Numm vum brittesche Staat offiziell fir déi forcéiert Adoptiounen an England an a Wales entschëllegt.

reading time

1 min

©  EPA/NEIL HALL / POOL
(Foto: EPA/NEIL HALL / POOL)

Eng geschaten 185.000 Puppelcher goufen an 1950er, 60er a 70er Jore vun hire Mammen ewech geholl well si net bestuet waren.

De Staat misst sech dofir schummen, esou de brittesche Premier.

Seng Entschëllegung kënnt no jorelaange Protester a Campagnë vu betraffene Mammen, Adoptéierten a vun hire Familljen.