De Verwaltungsrot vun der Fondatioun Caritas Lëtzebuerg war haut zesumme fir festzestellen, datt een d'Fondatioun nach net muss an d'Liquidatioun setzen. Dat krute mer vu gutt informéierte Sourcë confirméiert.
Oppe Rechnungen
Domat kann d'Fondatioun elo mol déi urgent Rechnunge bezuelen, déi nach bei Fournisseuren opstinn. An et geet och duer, fir e Sozialplang ze finanzéieren. Wéi vill Mataarbechter:innen dovu concernéiert sinn, ass nach net gewosst. Et ginn nach Beméiunge fir deene bis zu 30 Leit aner Aarbechtsplaze baussent der Caritas z'offréieren, respektiv wäerte vläicht e puer Mataarbechter:innen och nach eng Zäit fir d'Caritas schaffe bis alles ofgewéckelt ass.
Eidel Hüll
Mee déi finanziell Lag bleift nom Finanzbedruch vun 61 Milliounen Euro schwiereg. An d'Fondatioun bleift gréisstendeels eng eidel Hüll: D'Aktivitéite goufen ofgewéckelt oder u Partner ofgestouss. Déi national Aktivitéiten an e gudden Deel vum Personal sinn op den 1. Oktober bei déi nei asbl Hëllef um Terrain (HUT) gewiesselt.
Spéide staatleche Kreditt
D'Zukunft vun der Fondatioun war nom Finanzbedruch vun 61 Milliounen Euro sérieux a Fro gestallt. Et koum Enn September zu Liquiditéitsschwieregkeeten. D'lescht Woch huet d'Regierung sech dunn no laangem Blockéiere bereet gewisen, der Caritas e gudden Deel vun de Suen z'iwwerweisen, déi de Staat der Caritas nach schëlleg ass. A Form vun engem Kreditt vu fënnef Milliounen Euro, deen drop an drun ass ënnerschriwwen ze ginn, krute mer vu méi Source confirméiert. Well et nach kee geneeën Décompte gëtt, wéi vill de Staat der Caritas nach schëlleg ass, gouf elo mol d'Form vun engem Kreditt gewielt. D'Ofrechnung gëtt réischt gemaach, wann de geneeën Décompte virläit.