Déi lescht 12 Méint haten Amnesty International Lëtzebuerg a Médecins du Monde d’Sekretariat beim Collectif Réfugiés gemaach.
Wéinst dem Detournement vun 61 Milliounen Euro bei der Caritas, an Aussoen an deem Kontext vum Premier Luc Frieden, hat de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot de virun zwou Wochen däitlech gemaach, dat d’Betreiung vu Flüchtlingen iwwer alle finanziellen Iwwerleeunge misst stoen.
De Collectif Réfugiés hat och seng Solidaritéit mat deene Beschäftegten a Fräiwëllege bei der Caritas ausgedréckt. De Flüchtlingsrot huet de Moment 14 Memberen, dorënner ass och d’Caritas.