Vill kleng Parteien, déi sech am Kontext vun den Nationalwalen nei grënnen, verschwannen duerno nees ganz séier. Fokus wëllt dat verhënneren. Och wa si keen Deputéiertemandat bei de leschte Wale kritt hunn an zënterhier och wéineg fir Opmierksamkeet gesuergt hunn, preparéiert déi vum Frank Engel gegrënnte Partei sech elo op déi nächst Walen.
Eng manner extreem Alternativ mat seriöen Inhalter
Leschte Weekend gouf de Marc Ruppert als President vu Fokus confirméiert. An deem Kontext huet d'Partei sech och ee méi laangen Numm ginn: Fokus - D’Alternativ mat Vernonft.
Et wéilt een awer enger anerer Partei, déi och d'Wuert "Alternativ" am Numm huet, keng Konkurrenz maachen. Vill méi hätt ee gemierkt, datt vill Leit op der Sich no Alternative sinn, déi awer net esou extreem an déi eng oder aner Richtung géing goen.
De Begrëff "Vernonft" soll op déi seriö Inhalter vun der Partei hindeiten, esou de Marc Ruppert am 100,7-Interview.
Kritik un der Kuerzsiichtegkeet vun de grousse Parteien
Inhaltlech huet d'Partei sech op de Wuesstem vun de leschte 25 Joer fokusséiert.
“Dat kléngt vläicht iwwerflächlech, mee Pensiounen, Gesondheetssecteur, Logement, Mobilitéit: Dat sinn alles Problemer, déi ee säit 25 Joer komme gesäit.”
Déi dräi grouss Parteien CSV, LSAP an DP wossten, wat op d’Land duerkomme géing, esou d’Kritik vum Marc Ruppert. Esou hätt de fréiere Premier Jean-Claude Juncker am Joer 2000 scho vum 700.000-Awunner-Staat geschwat.
D’Fatalitéit, esou de Fokus-President, wier awer, datt d’Land vu Politiker:inne mat Kuerzsiichtegkeet op deem Wee begleet gouf.
“Wéi e Maulwuerf. A mir wëllen d’Politiker aus den ënnerierdesche Lächer erauskréien.”
Fokus wier awer net wéi aner Parteie géint de Wuesstem u sech.
Eng konkreet Iddi, déi d’Partei op hirem Kongress presentéiert huet, ass déi vun enger Zukunfts- a Resilienzkommissioun. Do hätt ee sech u Finnland e Beispill geholl, erkläert de Marc Ruppert.
Am Ufank vun all Regierungsperiod géing en Zukunftsbericht vun der Regierung bewäert ginn. Dat an enger Kommissioun mat Experten, Bierger:innen an Deputéierten. Esou soll Politik op eng méi pro-aktiv Aart a Weis geféiert ginn.
Keng Ee-Mann-Partei méi
Zwee an en halleft Joer virun den nächste Wale wier et fir eng kleng Partei wéi Fokus un der Zäit, e Profil ze entwéckelen. Réckbléckend war dat och eng Kritik, déi sech de Marc Ruppert a seng Parteikolleegen hu missen unhéieren: D’Leit wéilte méi prezis wëssen, fir wat d’Partei steet.
An a propos Parteikolleegen: De Frank Engel war um Kongress net dobäi. Dat war och keng Iwwerraschung, esou de Marc Ruppert. Hien hätt viru ronn engem Joer seng Roll als Parteispriecher néiergeluecht an am Summer ugekënnegt, kee politescht Mandat méi wéilten ze iwwerhuelen. Och net bei Fokus.
Fir de Marc Ruppert feelt domadder ee Politiker, mat gudden Iddien, wéi hien am 100,7-Interview betount huet. Op där anerer Säit wéilt een awer d’Chance ergräifen, fir vum Image vun der Ee-Mann-Partei fortzekommen.
“Mir wëlle weisen, datt mir méi sinn, wéi just eng Frank Engel Partei.”
Zur Monica Semedo, dat bei den Europawalen nach op der Lëscht vu Fokus stoung, hätt d’Partei iwwerdeems kee Kontakt méi. "Et war eng Etapp an der Geschicht vun eiser Partei", seet dozou de Parteipresident Marc Ruppert.