arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fluglotsegewerkschaft begréisst neien hybriden Tower

Findel

|
headphones

1 min

Fluglotsegewerkschaft begréisst neien hybriden Tower

D’Fluglotsegewerkschaft (GLCCA) weist sech zefridden iwwert d’Annonce vun der DP-Mobilitéitsministesch Yuriko Backes, datt bis 2032 en neien, hybriden Tower op de Findel soll kommen.

headphones

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

“Eis ass et wichteg, och an Zukunft Fënsteren hunn, déi eng 360 Grad-Vue erméiglechen!”. Dat äntwert de Christian Seidel vun der “Guilde luxembourgeoise des contrôleurs de la circulation aérienne” op Nofro hi schrëftlech.

De GLCCA-President betount, datt et flott ass, d’Kameraen ze hunn, déi dobäi kommen, fir datt et en hybriden Tower gëtt. Vu just engem virtuellen Tower aus wier et awer ni méiglech, de ganzen Trafic ze dirigéieren.

D’Fluglotsen an de Ministère haten d’lescht Woch e Kompromëss fonnt. Do virdru war eng Zäitchen dovu Rieds, datt e reng virtuellen Tuerm op de Flughafe komme sollt.