arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ An der Nuecht op e Freideg: Flughafen zu München war kuerzzäiteg ausser Betrib

Aus Sécherheetsgrënn

|
headphones

1 min

An der Nuecht op e Freideg: Flughafen zu München war kuerzzäiteg ausser Betrib

Zu München um Flughafe goufen an der Nuecht op e Freideg alleguer d’Departen a Landunge gestoppt. Bierger:innen hätten Dronen an der Géigend vum Flughafe bei der Police gemellt, heescht et. Déi Drone goufen och um Territoire vum Flughafe selwer gesinn.

headphones

1 min

Däitsch Police den 3. Oktober um Flughafen zu München | © picture alliance/dpa | Jason Tschepljakow
Däitsch Police den 3. Oktober um Flughafen zu München (Foto: picture alliance/dpa | Jason Tschepljakow)

Et ass onkloer, wéi vill Dronen et waren. De Fluchverkéier gouf komplett ënnerbrach.

17 Flich sinn ausgefall, 3.000 Passagéier ware betraff. Si hunn deels um Flughafe selwer geschlof oder goufen an Hoteller bruecht.

D’Police huet intensiv no Verdächtege gesicht. Och e Policehelikopter war am Asaz. D’Sich huet awer kee Resultat bruecht.

De Flughafen ass zënter Freidegmoien nees a Betrib.