Text: Moris Garzaro
Am Fall vun enger Annulatioun, engem Retard oder engem Problem mat Bagagen huet een als Passagéier kloer definéiert Rechter. A well et méi Uspriechpartner gi fir déi verschidde Prozeduren, gouf gëschter um Mëttwoch fir den Optakt vun der Vakanzesaison eng Vereinfachung virgestallt.
Manner Plaintë wéinst Annulatiounen
Fir de Fluchpassagéier d'Prozedur am Fall vun enger Komplikatioun méi einfach ze maachen, gëtt et vun elo un e Formulaire op MyGuichet.lu fir eng Plainte auszefëllen, esou d'Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz.
"Fir de Passagéier et méi einfach ze maache fir eng Reklamatioun ze maachen, hu mir een neie Formulaire online gesat. Do ass och ee QR-Code. Dat heescht, wann een dee QR-Code scannt, da kënnt een direkt op MyGuichet an da kann ee seng Plainte u sech eraginn."
Datt dëst wichteg wier, beleeën Zuelen aus de leschte Joren. D'Plaintë wéinst Annulatioune wieren zwar an de leschte Joer erofgaangen, aner Zuele ginn awer erop, erkläert de Patrick Wildgen vum National Enforcement Body*.
"Mir sinn aus dem Covid komm, do hate mir vill Annulatiounen. Déi Well ass eriwwer. Elo gëtt et ëmmer méi Retarden. An dat hutt Dir vläicht selwer erlieft oder kritt Dir mat, effektiv mat deem Trafick, deen dobaussen ass, a mat de Wiederconditiounen ass et oft, datt et Retarde sinn. An dat gesi mir dann och bei eis an den Zuelen."
Obwuel d'Passagéier sech als éischt bei de Fluggesellschafte mëlle mussen, an deene bis zu zwee Méint Zäit musse gi fir ze äntweren, koum et zejoert nach zu 910 Plaintë beim National Enforcement Body.
Fluchgesellschaften zwee Méint Zäit ginn
Och bei Komplikatioune mat Bagagë wier eng Hausse vu Plaintë beim Centre Européen des Consommateur Luxembourg ze gesinn. Wéi geet een elo genee vir am Fall vun enger Plainte? Fir d'Situatioun vun engem Retard, enger Annulatioun oder Komplikatioune mat Bagagen oder Pauschalreese mécht de Patrick Wildgen dës Recommandatiounen:
"Ëmmer den éischte Reflex ass, fir d‘éischt emol d'Airline kontaktéieren an deenen Zäit loossen, datt si äntweren. An d'Guidelines op eiser Säit soen: 'Gitt hinnen zwee Méint', a wa si no zwee Méint Iech net geäntwert hunn oder net zefriddestellend geäntwert hunn, da kënnt Dir bei eis kommen."
Zoustänneg fir Retarden an Annulatiounen ass de Body of Enforcement. Bei Komplikatiounen ass et de Centre Européen des Consommateur Luxembourg. A bei Problemer mat Pauschalreesen ass d'Union Luxembourgoise des Consommateurs dofir zoustänneg.
*D'EU schreift all Land an der EU vir, esou een National Enforcement Body ze hunn. Deem seng Roll ass et ze kontrolléieren, ob d'Transportbetrieber all Passagéier am Aklang mat hire Rechter behandelen.