arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fligertracking: Eng onprezis Wëssenschaft

Aviatioun

|
reading time

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Fligertracking: Eng onprezis Wëssenschaft

Eng Cargolux-Maschinn soll trotz gespaartem Loftraum iwwer den Iran geflu sinn. Schold un dëser Feelinformatioun sinn d'Limitte vum digitalen Tracking. Mee wéi funktionéiert deen Tracking iwwerhaapt a wéi koum et zu der Feelinformatioun?

reading time

3 min

headphones

4 min

play_arrow
© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Eng Cargolux-Maschinn wier duerch den iranesche Loftraum geflunn, obwuel dee Loftraum wéinst den Ausernanersetzunge mam Iran gespaart war. Dëst huet fir esou vill Opreegung gesuergt, datt d'Cargolux um Weekend ganz séier per Communiqué reagéiert a berouegt huet. 

D'Informatioun koum vu Leit, déi de Vol op Flightradar 24 verfollegt hunn. Dat ass eng App, déi praktesch all Vol vum Globus grafesch duerstellt. 

Wéi funktionéiert den Tracking?

All Fliger sent iwwer Funk seng ID, also e spezielle véierstellege Code, deen och ADSB-Transponder genannt gëtt. ADSB steet dobäi fir Automatic Dependent Surveillance Broadcast. Kléngt komplizéiert, fonctionéiert awer ganz einfach. Iwwerdroe gëtt dobäi d'GPS-Positioun, d'Flughéicht, d'Vitess, d'Fluchrichtung an d'Fluchnummer. Iwwer eng Distanz vun 250 bis 450 Kilometer gëtt dat Signal u Buedemstatiounen an och un aner Fliger gesent. Do weess een also all Moment, wou déi Fliger drun ass, a wéi séier e flitt.

Flightradar huet elo weltwäit dausende fräiwëlleg Leit, déi sech doheem sou ee klengen Empfänger installéiert hunn. Déi empfänken d'Signal, schécken et un de Server vu Flightradar, a fidderen domadder där hir Informatiounsbasis. A mir gesinn dann op der Kaart vu Flightradar, mee och vun anere Servicer, wou dee Vol dann hi geet.

E System mat Limitten

Dëse System stéisst awer och u seng Grenzen. Zum Beispill iwwer dem Mier ginn et keng esou Empfänger an och an ofgeleeëne Regiounen net. Zum Deel notzt Flightradar da Satellittendonnéeën. An anere Fäll, wou guer keng Donnéeë méi geschéckt ginn, gëtt d'Positioun vum Fliger geschat. Vum Startpunkt bis zum Ennpunkt gëtt dann einfach eng Linn gezunn.

De Fliger muss a Wierklechkeet also ni op deem Punkt gewiescht sinn, wou en ugewise gëtt. Flightradar markéiert dat och, andeems d'Linn hanner dem Fliger dann net méi duerchgezunn ass, mee gestréchelt.

Een anere Problem ass dee sougenannten Jamming, also dat aktiivt Stéiere vum GPS-Signal, zum Beispill aus militäresche Grënn. Dobäi gëtt souzesoen e Stéierfeier vun enger Antenn aus opgeschéckt, dat eigentlecht Funksignal gëtt dann zimmlech onbrauchbar. Dat geschitt zum Beispill momentan ganz intensiv laanscht déi finnesch-russesch Grenz oder och an de baltesche Staaten. D'Pilote mellen do reegelméisseg Problemer mat de GPS-Signaler.

Flightradar kennt déi Limitte vum System och. Si hunn an engem eegenen Artikel op déi zwee Schwaachpunkten higewisen, fir datt een dat, wat een um Schierm gesäit, net falsch interpretéiert. 

De Fliger war ni iwwer dem Iran

Esou léisst sech also och de Cargolux-Vol iwwer dem Iran erklären. E Fluchlotse, deen um Findel schafft, huet dem radio 100,7 dann och confirméiert, datt d'Datebasis vun dësem Cargolux-Vol op Flightradar falsch war. Déi haten eng al Destinatioun vum Vol gespäichert, an dësem Fall de Fluch vu Shanghai op Lëtzebuerg. De Cargolux-Vol mécht awer zënter e puer Méint eng Tëschelandung am Turkmenistan. Well Flightradar näischt vun där Tëschelandung weess, léisst si d'Maschinn einfach iwwer den Iran weiderfléien, wat awer ni de Fall war.

Iwwer dem Iran ass de Fluch du wéinst der aktueller Krichssituatioun mat Israel wuel gejammed ginn, also gestéiert ginn. Och dat huet d'Flightradar net matkritt an d'Linn einfach iwwer den Iran verlängert, wou d'Cargolux-Maschinn awer a Wierklechkeet ni war. Dat gesäit een och un der Faarf vun der Linn, déi op deem Punkt ännert.

An d'Cargolux huet deemno Recht, wa si de Vol iwwer den Iran dann och dementéiert. 

play_arrow Lauschteren