Radioen

On air

Tockcity  |  Magic City Hippies - Enemies

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fligeraccident am Nepal: 18 Leit stierwen, just de Pilot iwwerlieft

Accident nom Start

Fligeraccident am Nepal: 18 Leit stierwen, just de Pilot iwwerlieft

An der nepaleesescher Haaptstad Kathmandu ass e Passagéierfliger mat 19 Leit u Bord erofgefall. 18 Leit wieren ëm d‘Liewe komm, esou d‘Police. Nëmmen de Pilot hätt iwwerlieft.

auto_stories

1 min

Screenshot: X

De Pilot wier schwéier blesséiert an d‘Spidol komm. D‘Maschinn vun der nepaleesescher Fluchgesellschaft Saurya Airlines war kuerz nom Start aus bis ewell ongekläerter Ursaach op der Startbunn erofgefall, esou de Service vun der Aviatioun am Nepal.

All d‘Passagéier ware Salariéë vu Saurya Airlines. 

Am Nepal kënnt et wéinst de Bierger an de schnelle Wiederverännerungen, mee och wéinst Sécherheetsmängel, ëmmer erëm zu Fligeraccidenter.