arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fliger a Kentucky erofgefall an explodéiert

USA

|
headphones

1 min

Fliger a Kentucky erofgefall an explodéiert

Am amerikanesche Staat Kentucky ass en Transportfliger vu UPS beim Start um internationale Flughafe vu Louisville erofgefall an explodéiert. Op d‘mannst 7 Mënsche koumen dobäi ëm d‘Liewen, dorënner déi dräi Membere vum Equipage.

headphones

1 min

Symbolfoto. | © Bigstock
Symbolfoto. (Foto: Bigstock)

Déi lokal Autoritéite soten, si géifen sech erwaarden, datt de Bilan vun den Doudesaffer nach klamme wäert. Op d‘mannst 11 Leit goufe blesséiert an anerer gi nach vermësst.

Den Transportfliger war voll mat Kerosin wéi en explodéiert ass. Dat huet e gréissert Feier ausgeléist. E puer Gebaier vu Firmen direkt nieft dem Flughafe goufe vu Fliger-Stécker getraff, déi gebrannt hunn. Um Buedem gi nach Leit vermësst, wéi vill ass den Ament onkloer. Iwwert d‘Ursaach vum Accident ginn et nach kéng Informatiounen.