Radioen

On air

Concert  |  Tosca vu Puccini

play_arrow Live
search

/ Firwat muss VW esou radikal spueren?

No Annonce um Méindeg

Firwat muss VW esou radikal spueren?

Den däitschen Autosproduzent VW wëllt op d'mannst dräi vu sengen zéng Fabricken an Däitschland zoumaachen. Dat géif bedeiten, datt zéngdausende Leit an Däitschland géifen hiren Job verléieren. Net just de Betribsrot an d'Mataarbechter:inne si schockéiert.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

VW | © picture alliance/dpa | Moritz Frankenberg play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Moritz Frankenberg

D'Volkswagen AG deet sech relativ schwéier domat, op déi nei Realitéiten um Autosmarché ze reagéieren. VW hänkt zum Beispill bei der Ëmstellung op Elektroautoe senge grousse Konkurrenten hannendrun.

Dat heescht: VW brauch Suen. Konkret ass rieds vu 4 Milliarden Euro, déi d'VW-Cheffen duerch déi Spuerpläng, déi elo bekannt gi sinn, wëllt eranhuelen. Fir se duerno an déi nei Technologien ze investéieren. Am September hat VW schonn ugekënnegt, datt si misste spueren. Do gouf ënner anerem déi sougenannte Jobgarantie gekënnegt, déi zanter 30 Joer gegollt huet. 

Gewënnmarge ass erofgaangen

Der Entreprise no wieren et virun allem d’Personalkäschten, déi VW belaaschten. Alles an allem schaffe weltwäit méi wéi 684.000 Leit fir VW. D'Firma huet am leschte Joer bal 50 Milliarden Euro u Salairen ausbezuelt. Problematesch fir d’VW-Mataarbechter:innen hei an Däitschland ass elo: Si verdéngen e gutt Stéck méi wéi hir Aarbechtskolleegen a Süd- oder Osteuropa. Dowéinst soll elo un hinne gespuert ginn. De Problem vun den héije Personalkäschten hunn och aner Autosproduzenten. Mee: Well VW esou grouss ass, ass de Problem an absolutten Zuele bei VW och méi gravéierend.

Gläichzäiteg mécht VW als Konzern awer nach ëmmer Gewënner a Milliardenhéicht. Och de Conseil d’administration verdéngt Millioune-Salairen. Et ass also net esou, wéi wa VW géif riseg Verloschter maachen. Hir Gewënnmarge ass allerdéngs erofgaangen, well besonnesch d'Autoe vun der Kär-Mark VW sech manner gutt verkafe wéi fréier. Net just an Europa, mee och zum Beispill a China, wou VW laang Zäit enorm vill Sue verdéngt huet.

Bundesland Niedersachsen stëmmt bei wichtegen Decisioune mat of

Och de Bundeskanzler Olaf Scholz rifft VW dozou op, Aarbechtsplazen ze erhalen. D'Politik ka bei VW effektiv Afloss op zentral Decisiounen huelen, well dem Bundesland Niedersachsen, wou VW säi Siège huet, 20,2 Prozent vun den Aktie vu VW gehéieren. D’Land kann also bei wichtegen Entscheedunge mat ofstëmmen, huet souguer de facto e Vetorecht.

Mam niedersächsesche Ministerpresident Stephan Weil a sengem Wirtschaftsminister setzen och zwee Regierungsmemberen am Aufsichtsrat. Alle béid si Membere vun der SPD, also der Partei vum Bundeskanzler Olaf Scholz. Wann d'Bundesregierung also wëllt Drock op VW maachen, da féiert de Wee iwwer d'Regierung vun Niedersachsen. 

Gespréich mam München-Korrespondent Matthias Kirsch

Lauschterenplay_arrow