Dat hätt eng ganz Rei vu Grënn, seet d‘Christiane Bourg vun der Patientenassociatioun Protransplant. Ënner anerem géif net all Spidol sech d'selwecht responsabel fillen, sech ëm d‘Organspend ze këmmeren.
"Et soll net ëm Sue goen"
Iwwerdeems wier bis elo och keng Nomenclature virgesinn, wéi d‘Spideeler an Dokteschen an Doktere vun der Gesondheetskeess entschiedegt ginn.
"An do entsti jo och eng ganz Rei Käschten. Dir musst wëssen, datt do OPer musse fräi gemaach ginn, fir déi Organer ze enthuelen. Dat gëtt meeschtens nuets gemaach, well jo am Dag an den OPen déi geplangten Operatioune sinn.“
Et sollt bei der Organspend net ëm Sue goen. Et wier awer fërderlech, wann d‘Spideeler wéissten, wéi si hir Käschte gedeckt kréien.
Bei der neier Gesondheetsministerin Martine Deprez war Protransplant elo nach net, erkläert d‘Christiane Bourg. Et wéilt ee sech als éischt mat Luxtransplant zesummesetzen, also déi Leit, déi och um Terrain sinn.
Net vill Organspenden
De Problem géif awer net just bei de Spideeler leien. Vill géifen och gutt Aarbecht leeschten: Fir datt d‘Organer kënne gespent ginn, muss d‘Persoun un engem Gehierdoud gestuerwe sinn. Dat si pro Joer net vill, betount d‘Christiane Bourg.
"Dat sinn der statistesch 50 pro Millioun Awunner pro Joer. Dat mécht dann op Lëtzebuerg ongeféier 35 Leit pro Joer, déi iwwerhaapt an esou engem Gehierdoud stierwen.“
Ënnert deene Persoune sinn der dann och, bei deenen d‘Organer aus medezinesche Grënn net kënne geholl ginn. Och och Leit, déi net wëllen, datt hir Organer gespent ginn.
Am Gesetz ass jiddereen Organspender, et sief dann, et hätt een um Spenderpass Nee ugekräizt. An och wann ee Jo ugekräizt huet, gëtt d‘Famill awer gefrot. Dfir sollt een och ëmmer mat senger Famill driwwer geschwat hunn, wat den eegene Wonsch ass, esou den Opruff vun der Christiane Bourg.