Radioen

On air

9 bis 1  |  When 'Airy Met Fairy - Stuck In A Car

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Firwat ginn et net méi Verurteelunge wéinst sexueller Gewalt?

Den Hallwer Néng

Firwat ginn et net méi Verurteelunge wéinst sexueller Gewalt?

A just 5 Prozent vun de Plaintë wéinst Vergewaltegung koum et an de leschte 5 Joer zu enger Verurteelung. Eng grouss Kritik vun Associatiounen, déi Affer vu Vergewaltegung vertrieden, ass déi, datt d‘Täter net an de Prisong kommen, mee eng Strof op Sursis kréien. Och fir de Procureur d‘état ajdoint, ass dat "ee wonne Punkt."

auto_stories

4 min

headphones

14 min

play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

*Numm gouf ëmgeännert

2018 gouf et eng modification législative, déi vun engem groussen Deel vun der Politik gedroe gouf. Bis dohin, war Prisongsstrof de Prinzip an de Sursis misst ee sech erkämpfen, erkläert de procureur général adjoint David Lentz mam 100,7-Interview. 2018 gouf dat ëmgedréint.

"Deemools huet och de Parquet général een Avis geschriwwen, wou gesot ginn ass: Delikter, vläicht kënne mer doriwwer schwätzen, mee wannechgelift bei Verbriechen, maacht dat net an de Viol fält ënnert d'Verbriechen."

Am Koalitiounsaccord ass festgehalen, dat dee Punkt soll op de Leescht geholl ginn. Eppes wat de Parquet ënnerstëtze géif. 

Net all Plainte wéinst Vergewaltegung ass och juristesch eng

An de leschte 5 Joer gouf et 788 Plainte wéinst Vergewaltegung. A just 5 Prozent vun deene Fäll koum et iwwerhaapt zu enger Verurteelung. Dat géif doru leien, datt a verschiddene Plainten, zwar keng Verurteelung wéinst Vergewaltegung koum, mee wéinst anere Strofdoten, déi dann net an där Statistik opdauchen, esou d‘Erklärung vum David Lentz. Sou wéi am Beispill vun der Francine* am Gespréich mat eiser Journalistin Michelle Barthel.

"An dat ass ee gudden Deel vun all deene Plainten. Den Dossier ass da vläicht lancéiert gi mat Plainte wéinst Vergewaltegung, mee schlussendlech, no Analyse, wéi an deem heite Fall, hu mer juristesch guer keng Vergewaltegung."

D'Condamnatioun wéinst Vergewaltegung ka réischt gemaach ginn, wann et zu enger Penetratioun komm ass, erkläert den David Lentz.

"D'Memoire mécht engem e Stréch duerch d'Rechnung"

Aner anere Fäll steet et Ausso géint Ausso. D‘Verjärung wier do ee groussen Nodeel. Deemno mécht den David Lentz den Opruff, datt d'Affer sou séier wéi méiglech eng Plainte maachen. Mat der Zäit riskéiert d‘Qualitéit vun der Ausso nozeloossen.

"Et ass net, datt en Affer dann ufänkt mat léien Et ass ganz einfach, datt d'Memoire engem Stréch duerch d'Rechnung mécht."

Sou séier wéi méiglech bei d‘Police ze goen an eng Plainte ze maachen ass fir d‘Affer net einfach. Den David Lentz mécht an deem Fall op de Service Umedo opmierksam. Do kënnen Affer vu sexueller an/oder, haislecher Gewalt higoen. Sougenannt Médecins légistes maache Prelevementer vun den Tracen an hält déi, bis d‘Persoun eng Plainte wëll maachen. Och nach Joren duerno.

D'Verjärungsfrist fir Plainten hänkt vu verschiddene Facteuren of. Bei Erwuessene läit déi bei engem Verbriechen, wourënner eng Vergewaltegung fält, bei 10 Joer. D'Verjärung bei Kanner gouf 2023 eropgesat. Am Fall vun engem sexuelle Mëssbrauch, gëtt et guer keng méi.

Offälleg Remarke vu Poliziste: "Inakzeptabel"

Am Gespréich mat eiser Journalistin Michelle Barthel erzielt d‘Francine, datt si deemools, wou si hir Plainte gemaach huet, offälleg Remarke gemaach krut. Dat wier inakzeptabel, seet dozou den David Lentz.

Bannent der Police judiciare gëtt et eng spezialiséiert Abteilung. Hie verséchert, datt et fir déi Formatioune gëtt fir ze sensibiliséieren, datt och zum Beispill keng suggestiv Froe méi solle gestallt ginn.

"Déi schrecklechst vun alle Strofdoten"

Vun all dat Strofdoten, déi am Code pénal stinn, ass den abus sexuel "dee repugnantsten, dee schrecklechsten, deen et gëtt", betount den David Lentz. D‘Gesetz gesäit vir, datt Nee och ëmmer Nee heescht.

Hien ënnersträicht: Och wann d‘Affer net Nee soe kann, géif dat net heeschen, datt ee sech d‘Erlabnis erzwénge kann.

Wann Dir selwer Affer vu Gewalt gi sidd, oder eng Persoun kennt, déi Affer gouf, gëtt et Ulafstellen, un déi Dir Iech wende kënnt:

Violence.lu

HOME - Femmes en détresse A.S.B.L.

Umedo - Unité médico-légale de documentation des violences

D'accueil - Planning Familial

Alupse - Association Luxembourgeoise de Pédiatrie Sociale