Radioen

On air

Mëttesrascht  |  C'est Karma & Fado Bicha - Maria João Feat. Fado Bicha

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fir den Transfert vun Konten: ABBL, Autoritéiten an ING hu sech ofgestëmmt

No der ING-Annonce

Fir den Transfert vun Konten: ABBL, Autoritéiten an ING hu sech ofgestëmmt

D’Bankevereenegung huet sech – wéi ugekënnegt - mat ING Lëtzebuerg, deenen anere Banken a mat den zoustännegen Autoritéiten ofgestëmmt, fir den Transfert vun den ING-Clienten hire Sue bei eng aner Bank. Dat huet d’ABBL haut matgedeelt, am Kontext vun der delikater Situatioun, an där déi betraffe Clientë sinn.

auto_stories

1 min

Der ABBL no, hätten déi aner Banken deklaréiert, datt si d’Capacitéit hätte fir eng grouss Zuel u Clienten z’iwwerhuelen. ING Lëtzebuerg huet jo decidéiert, mat hire Servicer vu „banque de détail“ fir Privatclienten hei am Land opzehalen.

De Finanzminister Gilles Roth hat gëschter am 100,7-Interview däitlech gemaach, datt hie sech eng besser Kommunikatioun vun der Bank ING gewënscht hätt.