arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fir d‘éischte Kéier an 8 Joer ass e brittesche Regierungschef op Visitt a China

Groussbritannien - China

|
headphones

1 min

Fir d‘éischte Kéier an 8 Joer ass e brittesche Regierungschef op Visitt a China

De brittesche Premier Keir Starmer ass um Donneschdegmoien zu Peking vum Staats- a Parteichef Xi Jinping empfaange ginn. Groussbritannien beméit sech drëm, méi en enken Drot zu China opzebauen.

headphones

1 min

Brittesche Premier Keir Starmer op Visitt a China | © EPA/LAUREN HURLEY HANDOUT
Brittesche Premier Keir Starmer op Visitt a China (Foto: EPA/LAUREN HURLEY HANDOUT)

Dat an Zäite vu Spannunge mat den USA an dem US-President Donald Trump. De Keir Starmer ass mat enger grousser Wirtschaftsdelegatioun a China, fir och déi wirtschaftlech Relatiounen auszebauen.

Och Däitschland wëllt sech China rapprochéieren. De Bundeskanzler Friedrich Merz géif fir Enn Februar eng Visitt a China plange, mellen däitsch Medien.