arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Schäfferot feiert en "erfollegräicht Joer 2025" fir d'Stad Lëtzebuerg

Neijoerschreceptioun

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Schäfferot feiert en "erfollegräicht Joer 2025" fir d'Stad Lëtzebuerg

Genee 4.655 Beamte schaffe fir d'Stad Lëtzebuerg. Gëschter goufen Honnerte vun hinne perséinlech vum Stater Schäfferot op der Neijoerschreceptioun am neien Theater empfaangen. 2025 hätt een eng Rei Succèse kéinte verzeechnen, esou d'Lydie Polfer.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Neijooschpatt VdL | © Carole Schimmer
Neijooschpatt VdL (Foto: Carole Schimmer)

2025 war d’Stad Lëtzebuerg markéiert duerch den Trounwiessel, dee vill Leit an d’Stad ugezunn hat, mee och d’LUGA, d'Luxembourg Urban Garden Expositioun wier der Buergermeeschtesch Lydie Polfer no ee grousse Succès gewiescht.

Nei Projete fir 2026

2026 ass d’Stad Lëtzebuerg och ganz aktiv fir eng Rei Projeten ze realiséieren oder ze finaliséieren, betount d’Lydie Polfer. Et wier een amgaangen d'Bréck iwwer d'Neiduerf ze bauen. Och d'Kläranlag zu Beggen, ee Projet, dee bal 400 Milliounen Euro kascht huet, soll och am Joer 2026 fäerdeg ginn. 

"Zu Hamm wäerte mir geschwë kënnen ufänken en neie Stade d'Athletisme ze bauen. Mir wäerten och geschwë kënnen d'nächst Joer den definitive Projet fir den neie Service d'hygiène maachen. Den Tram gëtt ausgebaut."

Buergermeeschtesch riicht sech un Rettungsdéngschter 

E puer honnert Beamte vun der Stad Lëtzebuerg goufen empfaangen. Ënner de Gäscht waren och Vertrieder:inne vun der Police a vun de Rettungsdéngschter, där hir Roll d’Lydie Polfer ervirgehuewen huet. 

"Wéi wichteg all déi Servicer sinn, zesumme mat der Police, déi mer jo och ëmmer immens gäre bei eis hunn, wéi wichteg dat ass, fir eise Bierger déi Sécherheet ze garantéieren oder ze versichen, dat Bescht ze maachen."

Wann ee gesinn hätt, wat an der Schwäiz virun e puer Deeg geschitt ass, géif dat engem nach méi bewosst ginn, esou nach d'Buergermeeschtesch. 

play_arrow Lauschteren