arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fir an der Urgence engem ze hëllefen, dierf e Salarié d'Aarbechtsplaz verloosen

Äntwert op eng QP

|
headphones

1 min

Fir an der Urgence engem ze hëllefen, dierf e Salarié d'Aarbechtsplaz verloosen

E Salarié ka wärend senger Aarbechtszäit seng Aarbechtsplaz verloossen, wann en engem anerer Mënsch an enger Urgence hëlleft, dat wier eng absence légitime. Dat präziséiert den Aarbechtsminister Georges Mischo a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP.

headphones

1 min

Symbolfoto: Aarbechtsplaz Büro | © Bigstock
Symbolfoto: Aarbechtsplaz Büro (Foto: Bigstock)

D'LSAP-Deputéiert Georges Engel a Mars di Bartholomeo wollten d‘Modalitéite gewuer ginn, wann ee wärend senger Aarbechtszäit vun der App Staying alive kontaktéiert gëtt. Dat ass eng App vum CGDIS, déi Leit kontaktéiert wann eng Persoun an der Ëmgéigend zum Beispill en Häerzstëllstand huet.