D’lescht Woch koum awer d’Nouvelle, datt den neien Tower hybrid géif ginn, also traditionell a virtuell. D’Sozialisten hunn dee Kompromëss tëschent Fluglotsen a Ministère begréisst, esou wéi de Gros vun de Fraktiounen.
Virum Hannergrond vun Dronenattacken
Den Yves Cruchten huet awer gefrot, ob net eng nei Prüfung duerch d’Chamber néideg wier. An d’Fro gestallt, ob Dronen- a Cyberattacke wéi op aneren Europäesche Flughäfe souguer och hei méiglech wieren.
“Et kann ee sech ganz gutt virstellen, datt an deem hostillen Ëmfeld, an deem mir leider an dësen Zäite sinn, et och net ausgeschloss ass, datt eng Kéier probéiert gëtt, déi digital Infrastruktur vum Flughafen unzegräifen. An da wier et natierlech fatal, wann et kee physeschen Tower méi géif ginn. Dofir fannen ech et schonn eng gutt Saach, datt mir bei der Iddi bleiwen, e physeschen Tower ze halen.”
Och d’DP-Mobilitéitsministesch Yuriko Backes war frou iwwert de Konsens ronderëm den neien Tuerm.
“Ech wëll Iech soen, datt ech am Fong mengen, datt mir vun Ufank un e vernënftege Wee ausgeschafft hunn, well déi dual Funktioun, déi mir envisagéiere war vun Ufank un an deem, wat mir haut hei beschwätzen, virgesinn.”
Den aktuellen Tower wier vun 1993. En neien hätt an den zwee leschte Koalitiounsaccorde gestanen, esou datt een hätt missen handelen, esou d’Ministesch. Fir déi et och net geet, datt an de leschte Joren net an den Tuermekippement investéiert gouf.
Déi national Souveränitéit vun der Flugkontroll wier hir wichteg an net ze externaliséieren. Vill méi sollte Suen an e Centre d’excellence heiheem gestach ginn.
Inspiratioun siche goen
Um Wee zum neien, hybriden Tower wiere véier Etappen ze meeschteren. Deen alen Tuerm kéim ewech. Do virdru géif een nach op aner Flughäfe kucke goen, wat ee maachen a wat ee loosse sollt.
LuxAirport wier responsabel fir d’Exekutioun vum Bau an de Staat fir de Finanzement. Beim ugeschloene Präis wier e Finanzéierungsgesetz néideg, woubäi ee kucke misst, wéi ee géif virgoen, sot d’Yuriko Backes nach.