arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fillen d'Schüler:innen sech vun den Enseignantë genuch ënnerstëtzt?

Educatioun

|
headphones

1 min

Fillen d'Schüler:innen sech vun den Enseignantë genuch ënnerstëtzt?

Am Secondaire géif et grousst Verbesserungspotential fir d‘Relatiounen tëschent Enseignanten a Schüler:innen ginn, an och wat de Feedback ugeet. Nëmme knapp d‘Hallschent vun de Schüler:innen op den ënneschte Klassen am Secondaire géifen d‘Ënnerstëtzung duerch d‘Léierpersonal positiv gesinn.

headphones

1 min

Educatioun | © Bigstock / jd8
Educatioun (Foto: Bigstock / jd8)

Mam Alter géif d'Tendenz esouguer no ënnegoen. Op den ieweschte Klasse sinn et just nach knapp iwwer 20 Prozent. Dat ass eng Conclusioun vum neie Rapport vum Observatoire national de l‘enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire.

Och am internationale Verglach géifen d‘Indicateure fir Ënnerstëtzung, Feedback a Begeeschterung am Secondaire hei am Land wäit ënner dem Duerchschnëtt leien.

Ënnerstëtzung spillt eng wesentlech Roll, och méi spéit 

Fir den OEJQS ass eng positiv Realtioun tëschent Schüler:innen an Enseignanten net just wichteg fir d'Motivatioun an der Schoul oder d'schoulesch Leeschtungen. Och dat allgemengt Wuelbefanne vun de Schüler:innen géif mat Empathie a Wäertschätzung vu Säite vun den Enseignanten gefërdert ginn. 

OEJQS stellt Fuerderungen 

Am Fondamental géif et allerdéngs besser ausgesinn. Do wiere bal 70 Prozent zefridde mat der Ënnerstëtzung duerch d‘Léierpersonal.

Well positiv Relatioun a Feedback eng zentral Roll am Schoul-Succès spillen, fuerdert den Observatoire ënner anerem national Ziler an ee Monitoring zum Theema. Weider fuerdert den OEJQS datt Mesüren en Place gesat ginn, fir Feedback an Ënnerstëtzung um Terrain, duerch beispillsweis geziilt Programmer, méi an de Vierdergrond ze stellen.