arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fiasko Fest live am TNL

An eegener Saach

|
reading time

1 min

Fiasko Fest live am TNL

Fir déi éischte Kéier gëtt den 100,7-Podcast Fiasko Fest mam Luc Spada live viru Publikum opgeholl, am Foyer vum TNL. Mat Open Bar an all deene Momenter, déi heiansdo wéi dinn. Jo, Dir liest richteg: mir Loser kommen endlech all zesummen. Live, faarweg an dräidimensional.

reading time

1 min

Invité vun dëser éischter Editioun ass de Laurent Agostino. 

Hien ass Enn Zwanzeg a lieft mat enger rarer, geneetesch bedéngter Muskelkrankheet: der Emery-Dreifuss-Muskeldystrophie (EDMD). 

Säin Alldag ass domat net méi einfach ginn, mee hie gëtt net op. Hien adaptéiert sech, organiséiert sech, geet eraus, schwätzt oppen doriwwer, well fir hien ass et kloer: d’Liewe geet weider.

Eng Kooperatioun tëschent dem TNL a Radio 100,7.


Dir wëllt gären mat dobäi sinn? Da mellt Iech hei drënner un: