arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ferrero iwwerhëlt WK Kellogg

Fir 3,1 Milliarden Dollar

|
reading time

1 min

Ferrero iwwerhëlt WK Kellogg

Den italieenesche Liewensmëttelgigant Ferrero mat Sëtz zu Lëtzebuerg iwwerhëlt de US-amerikanesche Cornflakes-Produzent WK Kellogg. Dat hu béid Firmen haut an engem gemeinsame Communiqué annoncéiert.

reading time

1 min

Eng Schocklasfabrick vu Ferrero an Italien | © Ferrero
Eng Schocklasfabrick vu Ferrero an Italien (Foto: Ferrero )

Ferrero bezilt 3,1 Milliarden Dollar – Scholden inclus. D'Transaktioun gëtt komplett a Liquiditéiten ofgewéckelt an ass scho vun de Verwaltungsréit vu béide Gesellschaften approuvéiert ginn.

D’Finaliséierung gëtt fir déi zweet Hallschent vum Joer erwaart, nodeems och d’Aktiëbesëtzer vu WK Kellogg zougestëmmt hunn.