Den Iran huet op en Neits betount, d‘Land géif sech am Recht gesinn, Israel unzegräifen. Dat nom Doud vum Hamas Chef Ismail Hanijeh viru bal zwou Woche bei enger Attack zu Teheran, fir déi den Iran an d‘Hamas Israel responsabel gemaach hunn.
D‘USA mengen, eng iranesch Attack op Israel kéint geschwënn - eventuell nach dës Woch - sinn, esou den nationale Sécherheetsberoder John Kirby zu Washington.