Nieft engem Dronespektakel an der mise en scène vun der Rouder Bréck steet och e Concert um Glacis mat lokale Kënschtler um Programm.
Et géifen nach keng exakt Zuelen um Dësch leien, sou d‘Äntwert vun der Stater Buergermeeschterin Lydie Polfer. D’Budgetopdeelung tëschent de verschiddenen Acteure wier nach net ofgeschloss. „Wa mer déi genau Zuelen hunn, kritt Dir se als Éischt“, sou d‘Polfer. Fir si wier d’Fro deemno net urgent.
Fir d’Oppositioun ass dat net zefriddestellend. D‘Maxime Miltgen kritiséiert, et wier bedenklech, datt Evenementer organiséiert ginn, ouni genee ze wëssen, wéi vill Steiergeld dofir agesat gëtt.
Wunnengspolitik an technesch Hürden
Eng weider Fro ass vum Conseiller David Wagner vun déi Lénk komm. Hien huet d’Buergermeeschtesch un Aussoe vum leschte Mount erënnert, wou d’Stad Lëtzebuerg ugekënnegt hat, net beim Register fir bezuelbar Wunnengen an och net beim nationale Wunnengsregister matzemaachen. Den David Wagner huet betount, esou e Relevé wier wichteg, fir d’Wunnengsnout méi prezis ze analyséieren.
D‘Lydie Polfer huet dat relativéiert: D’Stad wier net géint eng Zesummenaarbecht, mee et géifen nach eng Rei technesch a juristesch Froen ze klären. „Mir si net op Konfrontatiounskurs, mee op Kollaboratiounskurs“, esou d’DP-Politikerin.
Eidelstänn als Normalitéit
Zum Schluss ass och iwwer eidelstoend Wunnengen diskutéiert ginn. Tëscht aacht an zéng Prozent vun de Wunnengen, déi der Stad gehéieren, stéinge momentan net zur Verfügung. Dat wier awer normal, huet d‘Lydie Polfer erkläert, well dës Wunnengen an der Tëschenzäit renovéiert ginn.