Radioen

On air

Concert  |  De Vadim Gluzman mat den SEL

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ​​​​​​​Feierlechkeete vun 10 Auer un

Nationalfeierdag

​​​​​​​Feierlechkeete vun 10 Auer un

Haut ass Nationalfeierdag: gefeiert gëtt wéi all Joer um 23. Juni de Gebuertsdag vum Staatschef, dem Grand-Duc Henri. Déi offiziell Zeremonie fir dësen Dag fänkt um 10 Auer de Moien an der Philharmonie um Kierchbierg un.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: picture Alliance

Um Programm sti bei dëser Feier Riede vum Grand-Duc, vum Chamberpresident Claude Wiseler a vum Premier Luc Frieden.

Bei dëser Zeremonie dobäi si Membere vun der groussherzoglecher Famill, Deputéierter a Minister:innen, Membere vum Staatsrot, der Justiz, dem Stater Gemengerot grad wéi auslännesch Diplomaten an Diplomatinnen.

Ausgezeechent gi bei der Zeremonie de Moien an der Philharmonie wéi all Joer eng Rei Persoune mat besonnesche Verdéngschter a verschiddene Beräicher: wien dës Persoune sinn, dierf am Virfeld net verrode ginn.

Dësen ziville Festakt fir Nationalfeierdag gëtt et zënter 2014.

No der offizieller Zeremonie fir Nationalfeierdag sinn et um 11 Auer de Moien déi traditionell 21 Kanouneschëss um Fetschenhaff, déi vun der Arméi ofgeschoss ginn.

An der Neier Avenue an der Stad ass da vun 11:30 un d’Truppeparad mat Vertrieder vun ënner anerem der Arméi, der Police, der Douane, de Rettungsservicer an enger Rei Museksgesellschaften.

Fir den Ofschloss vun de Feierlechkeete fir Nationalfeierdag ass dann de Mëtteg um 16:30 an der Kathedral de feierlechen Te Deum, mat nieft dem Kardinol Jean-Claude Hollerich Vertrieder vu weidere Reliounsgemeinschaften.

Lauschterenplay_arrow