Eng 400 Persoune goufen evakuéiert, d'Populatioun vum 16. Arrondissement vun der Stad war opgefuerdert ginn, d'Haus net ze verloossen. Bal 1.000 Pompjeeën waren am Asaz, och no Mëtternuecht war d'Feier nach net ganz geläscht. Den Inneminister Bruno Retailleau war sur place an huet de Pompjeeën merci gesot, et wier ee ganz uergt Féier.
Nach ëmmer ass d’Feier an der franséischer Stad net ganz geläscht. Eng déck Dampwollek hat sech jo gëschter iwwer Marseille breetgemaach. Dat nodeems en Auto Feier gefaangen hat a sech d'Flame wéinst dem Wand séier op den Norde vun der Stad ausgebreet haten. Et war awer net deen eenzege Brand den Dënschdeg, och an anere südlechen Departementer wéi dem VAR, Gard, Hérault an notamment bei Narbonne am Südweste gouf och géint d’Flame gekämpft. Wat ass de Bilan a virun allem: Muss sech Frankräich op e Summer voller Bëschbränn astellen?
Erklärunge vun eisem Frankräich-Korrespondent Max Tholl