De Käschtepunkt vun iwwer 14,2 Milliounen Euro fir d’Festivitéite fir den Trounwiessel wier “schonn héich”, fënnt d’LSAP-Fraktiounscheffin. D’Taina Bofferding hätt sech erwaart, datt dobäi “méi raisonabel” mat de Steiergelder ëmgaange gi wier.
Taina Bofferding hätt sech eng Limit am Virfeld gewënscht
Wa fir ee speziellt Evenement wéi den Trounwiessel op eemol Millioune fir d’Finanzéierung “fonnt ginn”, da misst dat och an anere Fäll méiglech sinn, huet d’LSAP-Fraktiounspresidentin sech doriwwer eraus am 100,7-Interview gewënscht.
"Mir gesinn, dass mir elo massiv mussen an d'Defense investéieren, wat jo och eise Staatsbudget massiv wäert belaaschten. Dann hu mir awer elo nach eng Diskussioun iwwer d'Aarmutsbekämpfung hei am Land. D'Regierung kënnt jo elo mat hirem nationale Plang. Mir wëssen, datt d'Strukture wéi d'Stëmm vun der Strooss an Abrigado, datt déi aus allen Néit platzen. An ech froe mech, firwat een net esou séier och Sue fënnt, fir genau déi doen Investissementer ze maachen."
Et wier ee grousst Volleksfest gewiescht, an et wier awer och d’Vollek, wat et bezilt, stellt d’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding gutt zwou Wochen nom Trounwiessel weider fest.
Am Virfeld vum Trounwiessel hätt sech eng budgetär Limitt misste gesat ginn, an et hätt vun der Regierung a vun der Stad Lëtzebuerg och méi op Transparenz misste gesat ginn, esou weider Fuerderunge vun der LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding.
"Hei geet et schlussendlech awer ëm Steiergelder. Do hätt ech mer awer erwaart, dass een e bësse méi raisonabel domat ëmgaange wär. Datt een am Virfeld ebe gekuckt hätt, ok, wat wäert dat ongeféier kaschten a da setzt ee sech eng Limit."
Sam Tanson: Méi Transparenz néideg fir konstruktiv Diskussiounen
Vill Steiergelder wiere fir den Trounwiessel agesat ginn, an et hätt dowéinst op Transparenz misste gesat ginn, kritiséiert d’Taina Bofferding. Et hätt also och kloer misste kommunizéiert ginn.
Déi gréng Deputéiert Sam Tanson schwätzt bei de 14,2 Milliounen Euro fir d’Festivitéite fir den Trounwiessel vun enger “considerabeler Zomm”. Och si stéiert sech un der “Intransparenz” am Virfeld.
"Et ass wierklech een héije Käschtepunkt. Also dat kann een net anescht soen. Fir eng konstruktiv Diskussiounen doriwwer ze kréien, wär et scho besser gewiescht, déi am Virfeld ze féieren an net après coup."
D’Sam Tanson vermësst nach ëmmer Äntwerte vum Premier, ob déi verschidden Opträg am Virfeld ausgeschriwwe gi waren. De Luc Frieden hätt d’lescht Woch an der Chamber net op all hir Froe geäntwert, bedauert déi gréng Deputéiert.
Fred Keup: Trounwiessel bréngt Käschte mat sech
Wann d’Land een neie Grand-Duc kritt, da wier et normal, datt dat ee gewësse Käschtepunkt huet, esou d’Meenung vum ADR-Fraktiounschef Fred Keup.
Pro Awunner vum Land leien d’Käschten iwwregens bei ronn 21 Euro.
"Also wann ech mech net ieren, wäerten d’Käschte fir Militärausgabe deemnächst bei 3.000 Euro pro Awunner pro Joer leien. Also dann ass dat hei jo awer näischt."