arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Februar: Prozess géint Mann dee Polizist erschoss huet

Geriicht zu Saarbrécken

|
headphones

1 min

Februar: Prozess géint Mann dee Polizist erschoss huet

Den 12. Februar soll um Geriicht zu Saarbrécken de Prozess géint dee Mann ufänken, deen am August zu Völklingen e Polizist erschoss hat. Den Ugeklote kritt ënnert aanerem Mord a versichte Mord virgehäit.

headphones

1 min

Justiz | © Bigstock / AndreyPril
Justiz (Foto: Bigstock / AndreyPril)

D’Schëss waren aus enger Policewaff komm, déi hien dem Kolleeg vum Affer ofgeholl hat, nodeems hien eng Bensinnsstatioun iwwerfall hat. De Beschëllegten ass Däitsch-Tierk, well hien den Ament vun der Dot 18 Joer al war, ass de Prozess virun der Jugendchamber vum Landesgeriicht an der saarlännescher Haaptstad.