Béid Gefiller wiere gläichzäiteg do: dat vun der Angscht virun enger ëmmer méi bluddeger Eskalatioun a Repressioun am Iran, an dat, datt den aktuelle Regimm op een Enn kënnt, esou de Fari Khabirpour.
“Wat mir Angscht mécht, ass datt et kuerzfristeg nach zu enger ganz terribeler Ausernanersetzung kënnt. (...) Déi Leit, déi op der Strooss sinn, déi hu jo keng Waffen. Awer déi ginn ugegraff vun der Police oder vun deene Sécherheetsbeamten. (...) Also déi nächst Deeg, fannen ech, gëtt et ganz problematesch. Awer de Regimm fält mat Sécherheet. Dat bleift net esou. Dat ass meng Hoffnung.”
De Fari Khabirpour hofft also, datt den Iran mëttel- a laangfristeg vum “reliéise, fanateschen a kriminelle System” befreit gëtt.
Kritik un de Regierungen am Westen
Am Interview huet hie kritiséiert, datt d’Regierungen am Weste laang Zäit Geschäfter mam Iran gemaach hunn, an de System esou weider ënnerstëtzt hätten. D’Pläng vun der “Islamiséierung vun der Welt” wiere bekannt gewiescht.
“Trotzdeem hunn déi Regierungen hir Geschäfter mat esou engem kriminelle System, Regimm, weider gemaach. An dat huet mech ëmmer geiergert, firwat Europa esou ee System weider ënnerstëtzt a vir allem och mat hinne Geschäfter gemaach.”
D’Verletzunge vun de Mënscherechter am Iran wiere vun Ufank u systematesch gewiescht, huet de Fari Khabirpour erkläert.
“Dorënner och d’Bahais, déi jo schonn zéngt 40 Joer dorënner leiden. Déi ganz vill Affer hu musse bréngen. An dat war bekannt, well d’Bahais hu jo ëmmer d’Welt doriwwer informéiert. Awer vum Weste koum keng Ënnerstëtzung.”
Fari Khabirpour fir US-Interventioun am Iran
Obwuel hie géint Waffen an absolut géint Gewalt wier, géif hien eng militäresch Interventioun vun den USA am Iran begréissen, esou de Fari Khabirpour. Hien huet déi “reliéis Diktatur am Iran” mat schaarfe Wieder kritiséiert. Mat esou enger Diktatur kéint een net diskutéieren.
“Well wat si am Kapp hunn, ass d’Vernichtung. (...) Si wëllen de Westen, an déi ganz Kultur hei am Wëssen zerstéieren an dat ersetze mat engem islamesche System. Dat ass wat si wëllen. A mat esou Leit sech dohinner setzen an ze diskutéieren an ze hoffen, datt iergendwann eng Kéier déi Leit zur Einsicht kommen (...), dat ass net dran. An dofir heiansdo musse mer leider Gottes och Gewalt uwenden, fir Leit an d’Schranken ze weisen.”
De Psycholog Fari Khabirpour war Direkter vum CPOS (Centre de psychologie et d'orientation scolaires) a vum Centre de rétention. Mat aacht Joer war de Fari Khabirpour op Lëtzebuerg komm.