Radioen

On air

Notturno  |  Jennah Barry - Roller Disco

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fall vu syrescher Famill gëtt momentan gepréift

Sollt a Griicheland réckgeféiert ginn

Fall vu syrescher Famill gëtt momentan gepréift

De rezente Fall vun der syrescher Famill, déi sollt a Griicheland réckgeféiert ginn, gëtt fir de Moment nach gepréift. Sou laang gëtt d’Famill net zréck geschéckt. Dat deelt den Inneministère mat.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

NATO-Drot an am Hannergrond ee Fliger dee start | © picture alliance play_arrow
Foto: picture alliance / Daniel Kubirski | Daniel Kubirski

Et geet em eng Famill, déi eng Demande de Protection internationale zu Lëtzebuerg refuséiert krut, well se de Statut vu Refugiéë schonn a Griicheland huet. De Fall gouf mediatiséiert, well de Kannerrechtscomité vun der UNO sech ageschalt huet.

Keen Internationale Schutz vun zwee Länner méiglech

Gesetzlech wier et esou, datt d’Famill schonn an engem aneren EU-Land, an dësem Fall Griicheland, Schutz accordéiert krut. Et kéint een net vun zwee Länner gläichzäiteg d’Protection internationale garantéiert kréien, erkläert den Alain Bliss vum Inneministère.

Dat géif dann automatesch dozou féieren, datt d‘Situatioun net nei analyséiert gëtt, mee datt d‘Demande als irrecevabel erkläert gëtt.

Jéngst Kand kéint eng Openthaltsgeneemegung a Griicheland kréien

Elo huet sech awer d’UNO ageschalt. De Comité fir d’Rechter vun de Kanner well de Fall préiwe loossen, besonnesch wéinst deem Kand, wat zu Lëtzebuerg op d’Welt komm ass. Dat huet deemno net de Statut vum Refugié a Griicheland.

Vu Griicheland hätt een awer d‘Confirmatioun kritt, datt dat Kand eng Openthaltsgeneemegung géif kréien.

Passerell stellt a Fro ob Kannerrechter bei der Prozedur respektéiert goufen

D’Asbl Passerell, déi sech fir d’Rechter vu Geflüchteten asetzt, hat an engem Communiqué op de Fall vun der Famill opmierksam gemaach. Nieft de Liewensëmstänn a Griicheland misst och an hiren Aen hannerfrot ginn, ob de lëtzebuergesche Staat d'Kannerrechter wärend der juristescher Prozedur respektéiert huet.

Fir de Moment ass d’Famill an enger Hebergementsstruktur vum Office Nationale de l’acceuil, a bleift och do, bis eng Decisioun gefall ass.

Bis Januar muss den Inneministère Géigenargumenter liwweren

Den Inneministère huet elo bis Januar Zäit, sech d’Argumenter vun der Affekotin unzekucken, dozou Stellung ze huelen an d’Géigenargumenter bei der UNO eranzereechen.

„Mir wäerten natierlech kucke fir dat e bësse méi séier ze maachen, mee eng Decisioun vun der UNO, kënne mir elo nach net soe wéi dat ausgeet, well dat e Comité vun hinnen ass.“

Un d'Opfuederung vum UNO-Comité fir Kannerrechter muss sech de Lëtzebuerger Staat net halen. Bei Passerelle geet een awer dervunner aus, datt Lëtzebuerg, wéi an der Vergaangenheet och schonn, d'Rechter vun de Flüchtlinge respektéiere wäert.

Lauschterenplay_arrow