Eng 593 Betriber goufen dem Statec no am éischte Semester Faillite deklaréiert. Doduerch wieren 1.447 Aarbechtsplaze verluer gaangen. 12 Prozent manner, wéi an den éischte 6 Méint zejoert.
Am meeschte betraff war de Secteur vun den Holdingen an Investment Fongen, mat 167 Failliten an den éischte sechs Méint vum Joer.
Dono kënnt de Bausecteur, mat 89 Faillitten – dat war, dem STATEC no, eng Baisse vun 10 Prozent am Verglach mam éischte Semester zejoert.
Beim Verloscht vu Plazen duerch Faillitten am Bausecteur gouf et – mat 515 verluerene Plazen – eng Baisse vu 35 Prozent.