Et wier e Feeler, esou heescht et, mat deem géint déi grondleeënd Prinzippie vun der Pressefräiheet verstouss gi wier. Déi Responsabel vun der FLF wëllen, datt esou e Feeler sech net widderhëlt, an Zukunft soll e garantéierten Accès an en onbegrenzten Zougang zu Pressekonferenze fir all akkreditéiere Journaliste garantéiert sinn. D'FLF wéilt och intern dofir suergen, datt d'Relatioune mat der Press gestäerkt ginn, et wëll een och intern Formatioune fir den Ëmgang mat der Presse maachen.
arrow_back_ios
Noriichten
Wéinst Ausschloss vu Point Presse
|FLF entschëllegt sech bei Journalist
D‘Futtballfederatioun FLF entschëllegt sech offiziell beim Jouranlist Julien Mollereau, datt hie vum Point Presse virum Lännermatch géint Sloweenien Ufank Juni ausgeschloss gi war.