Besonnesch Suerge géif ee sech doriwwer maachen, datt verschidde Gemengen eegen ASBL-Strukture géife schafen an domat, der FGFC no, géint d‘Gesetz géife verstoussen.
A mam Astelle vu sougenannten „salariés à tâche intellectuelle“ géife Gemengen d‘Déngschtrecht ëmgoen an ënner anerem ongläich Aarbechtskonditioune bannent de selwechte Servicer schafen, esou nach d‘Kritik.
D‘FGFC fuerdert ënnert anerem kloer gesetzlech Leitlinnen doriwwer wéi eng Aufgaben a Plazen an ëffentlecher Hand musse bleiwen.