arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ FGFC mécht der Direktioun vum TICE schwéier Virwërf

Mobilitéit

|
headphones

1 min

FGFC mécht der Direktioun vum TICE schwéier Virwërf

An engem Communiqué geheit d'Gewerkschaft vum Gemengepersonal der Direktioun vum Busreseau aus dem Süde vir, d'Personal anzeschüchteren. Amplaz en Dialog ze sichen, géif d‘Personal higehal ginn. Et géif probéiert ginn, d‘Leit ze splécken, heescht et nach am Schreiwes.

headphones

1 min

© Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

Verschidde Comités-Membere géife souguer an der Ëffentlechkeet d‘Personal, d‘Personalvertrieder an d‘Gewerkschaften diskreditéieren. Dat wier net nëmme respektlos, mee och demokratesch bedenklech, esou d‘FGFC.

Attack op d'Versammlungsrecht

An de leschten Deeg hätten och eng ganz Rei TICE-Salariéen en „Ordre de justification“ kritt, well si bei der Protestmanifestatioun dobäi waren. Dat wier eng Attack op d‘Streik- a Versammlungsrecht, esou d‘Gewerkschaft vum Gemengepersonal.