Nodeems et an de leschte Méint vill Froe ronderëm d’Finanzéierung vum TICE gouf, wier d’Stëmmung am Betrib onroueg gewiescht. Doropshi wier och den Ëmgangstoun mat der Personaldelegatioun méi graff ginn an et wier dacks guer net méi mat hir geschwat ginn.
Well et den Ament keng normal Gespréicher géif ginn, wëllt d’Gemengegewerkschaft FGFC elo mat Hëllef vun engem Conciliateur no Léisunge sichen.
"A mir solle kucken, datt mer e Reglement intern fannen, datt et fir jiddereen déi selwecht Spillreegele ginn an datt déi och kloer sinn. A fir alleguer déi Punkten, déi aus dem Sondage erausgaange sinn, hate mer proposéiert, oder alleguer déi Onkloerheeten, déi mer hunn, datt mer hei eng kleng Konventioun maachen, wou mer soen, okay, déi Punkte kläre mer of. Also ganz pragmatesch wollte mer säit d'lescht Joer Oktober virgoen, fir dass et wéi politescher Säit wéi och Personalsäit gekläert ass."
Wann et propper Spillreegele géife ginn, da kéint och jidderee sech drun halen, esou de Claude Reuter. Wann ee sech dee Moment net dru géif halen, da misst een och mat Konsequenze rechnen.