arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ FGFC fuerdert eng Charte de Cooperation fir Gemengepersonal  

Gewerkschaft

|
reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow

FGFC fuerdert eng Charte de Cooperation fir Gemengepersonal  

Fir méi Unerkennung fir d’Gemengepersonal huet déi zoustänneg Gewerkschaft FGFC de Moien eng Charte de Cooperation presentéiert. Eng Rei Gemengen a Stied hätte sech scho bereet erkläert, an déi Charta eranzeklammen, esou de de President vun der FGFC Claude Reuter - dorënner Suessem an Diddeleng.

reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow
© Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

Fir méi Unerkennung fir d’Gemengepersonal huet déi zoustänneg Gewerkschaft FGFC de Moien eng Charte de Cooperation presentéiert. Eng Rei Gemengen a Stied hätte sech scho bereet erkläert, an déi Charta eranzeklammen, esou de de President vun der FGFC Claude Reuter - dorënner Suessem an Diddeleng.

Op d’Gemenge géifen ëmmer méi Missiounen duerkommen, d’Ressource géifen awer dacks feelen, betount de Claude Reuter.

D’Staatsbeamtegewerkschaft huet dofir eng Rei Linne proposéiert, dorënner d’Schafe vun engem gesetzleche Kader fir de Gemengesecteur, dee mam Staatssecteur harmoniséiert.

D’Charta soll dobäi hëllefen, dës Proposen ëmzesetzen. De Respekt, d’Unerkennung vun der geleeschter Aarbechter an d’Gläichberechtegung tëschent all Employéeë vun der Gemeng soll an der Charta niddergeschriwwe ginn.  

Iwwerdeems sollen d’Rechter an d’Responsabilitéite vun de Personaldelegatiounen unerkannt ginn an hinnen eng effikass Ënnerstëtzung am Alldag ugebuede ginn.

play_arrow Lauschteren