D‘Nancy Arendt hat an enger Diskussioun op Facebook geschriwwen, datt et d’Aufgab vum Léierpersonal wier, de Kanner wärend der Schoulzäit schwamme bäizebréngen, an net vun engem Schwammmeeschter. Dës hätten net déi selwecht pedagogesch Ausbildung, esou d’Nancy Arendt.
Domat hätt d’Politikerin de Beruffsstand vun de Schwammmeeschteren am Schoulsport degradéiert, esou d’FGFC an d’Associatioun vun de Schwammmeeschteren ALIN an engem gemeinsame Communiqué. FGFC und ALIN bezeechnen d’Aussoen der CSV-Politikerin doran als respektlos. D’Diskussioin an de sozialen Netzwierker war ënnert engem Artikel vum Tageblatt zum Theema Schwammenléieren ausgebrach. D‘Nancy Arendt sot dem 100,7 géigeniwwer, datt si weiderhin hannert hirer Ausso steet.
"Also ech mengen net, datt ech mech entschëllege muss, wann een der Meenung ass, datt alleguer d'Fächer an der Schoul vu Schoulmeeschtere solle gehale ginn, och wann dat de Sport ass. Et ass och fir mech net esou gewiescht, wéi si et empfonnt hunn, datt dat beleidegend ass, wann ech dat soen."
Si hätt och näischt dogéint, wann ee mat senge Kanner bei ee Schwammeeschter oder an ee Club geet, fir datt si schwamme léieren, sou d‘CSV-Deputéiert.
De Claude Reuter President vun der FGFC fënnt d’Schwammmeeschtere misste sech dat net bidde loossen. Si wiere scho bei der Reform vum Schoulsystem 2009 vergiess ginn, wat hir Positioun geschwächt hätt. Am Communiqué gëtt dofir och un de Bildungsminister Claude Meisch appelléiert, sech dem Dossier Schoul-Schwammen nach eemol unzehuelen.