Wéinst neien Export-Restriktioune vu China kéint den hollännesche Fabrikant Nexperia, eng Filial vum chineesesche Grupp Wingtech, déi weltwäit Liwwerunge vu Chippen net méi garantéieren, schreift d‘FEDIL.
Si géif fäerten, datt dat negativ Impakter op vill Secteuren an der Industrie kéint hunn – an dat besonnesch zu Lëtzebuerg, zum Beispill am Automobil-Beräich, esou d‘FEDIL an hirem Schreiwes.
Si rifft d‘Lëtzebuerger Regierung op sech mat der EU-Kommissioun fir eng Krisekoordinatioun iwwert dës Problematik anzesetzen.