Fir den OGBL, deen hei staark vertrueden ass, sinn déi geplangte Massenentloossunge skandaléis, seet d’Julie Roden, Generalsekretärin vum OGBL. Zu Lëtzebuerg dierft keng Positioun suppriméiert ginn.
„Et dierf een net vergiessen, datt d'SES an deene leschte fënnef Joer schonn dräi verschidde Plans de maintien d'emploi ënnerschriwwen huet, an dat heescht ganz einfach, datt se ënner anerem och staatlech Hëllefe kruten, fir déi Restrukturatiounsprogrammen ze implementéieren.
D‘Julie Roden kritiséiert, datt d‘Resultat dovun elo ass, Büroen an Indien opzemaachen – finanzéiert vun ëffentleche Gelder.
Nächst Woch ginn d’Gespréicher mat der Direktioun weider.