Iwwerdeems bereet de ville Niwwel an der Regioun a Moment nach Suergen. Esou kann d’Schwëmmerin nach net aschätzen ob a wéini si ugangs nächster Woch vun der Küstewuecht an d’Waasser gelooss gëtt. Den Training fir dës Streck huet dës Kéier e bëssen anescht ausgesinn ewéi fir hier aner Schwammstrecken.
„Et war lo mol eng Kéier bësse méi entspaant, well et eigentlech just 14 Kilometer sinn, dat heescht ech hu lo net missten enorm vill dobausse schwammen, maximal véier Stonnen. Dat ware soss maximal 7 Stonnen, dat heescht eigentlech huet dat Joer ganz entspaant ausgesinn.“
Deel vun den Ocean's 7
Dofir hätt si awer vill méi an der Schwämm trainéiert, fir hir Technik ze verbesseren a méi séier ze ginn.
Nächst Joer wéilt si den Nordkanal tëschent Irland a Schottland schwammen. Dat hei wier ee Preparatiounsjoer dofir.
D’Gibraltarstrooss ass Deel vun den Ocean’s seven – 7 extreem Schwammstrecken an oppene Miereskanäl. Den Nordkanal d‘nächst Joer wier da schonn hire 4. vun de 7 Kanäl.
Geschriwwe vum Ilana Joseph