arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Feier an enger Bar an der Schwäiz mat puer Dosen Doudegen

Schwäiz

|
headphones

1 min

Feier an enger Bar an der Schwäiz mat puer Dosen Doudegen

An der Silverstenuecht koum et an der Bar "Le Constellation" am Schwäizer Kanton Valais zu engem Brand. D'Police mellt puer Dosen Doudesaffer. Iwwer 100 Leit sollen an där Bar zu Crans-Montana gefeiert hunn.

headphones

1 min

© EPA/ALESSANDRO DELLA VALLE
(Foto: EPA/ALESSANDRO DELLA VALLE)

Och auslännesch Bierger:inne wieren ënner den Doudesaffer, ouni awer, datt weider Detailer genannt ginn.

Beim Brand sinn och eng 100 Leit zum Deel schwéier verletzt ginn, esou d'Police weider. Si goufe mat Helikopteren an d'Klinik bruecht. Si gi mëttlerweil all medezinesch versuergt.

Den Asaz hat sech bis an de Moie gezunn. Op der Plaz waren 150 Rettungskräft, 40 Rettungsween an 10 Helikopteren.

Iwwer d'Ursaach vum Brand ass nach net vill bekannt. Et géif näischt op eng Attack hindeiten. D'Police geet vun engem Ongléck aus. D'Enquête leeft nach. D'Police warnt d'Leit, net iwwer d'Ursaach ze spekuléieren, aus Respekt virun den Affer an hire Familljen.

Crans-Montana ass eng beléift Schi-Statioun. Iwwer d'Feierdeeg ass d'Uertschaft dacks ausgebucht.