Radioen

On air

Concert  |  Der Fuchs

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Experte schwätze vun engem  "Panic Monday"

Aktienmäert 

Experte schwätze vun engem  "Panic Monday"

Den Däitschen Aktienindex DAX ass zum Handelsoptakt ëm 10 Prozent gefall. Den DAX war scho lescht Woch no der Annonce vun den neien US-Taxen ëm 5 Prozent gefall. Mat der haitegen Entwécklung ass de komplette Joresgewënn vum DAX verluer.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

©  picture alliance/dpa | Arne Dedert play_arrow
(Foto: picture alliance/dpa | Arne Dedert)

Am fréie Moie gouf et och op den asiatesche Boursse massiv Verloschter. Den Nikkei Index un der Leet-Bourse zu Tokio war ëm méi wéi 8 Prozent gefall. Och d’Bourse a China, Hongkong an Australien hunn däitlech Verloschter verzeechent. 

De massiven Douanes-Taxe-Pak vum Donald Trump bréngt d’Aktiemäert un d'Schwanken. Aus Angscht virun engem Handelskrich geet d’Ausverkaf-Well un den Aktiemäert weider. Et herrscht Panik ënnert den Uleeër. Et wier déi historeschste Verkaafswell um westleche Finanzmaart zënter der Finanzkris an der Covid-Pandemie, sou en Analyst vu SwissBank géigeniwwer der AFP. 

"Panic Monday"

Och Haut, Méindeg gëtt mat enger weiderer Bourse-Chute an Europa an an den USA gerechent, mat Spannung gëtt d’Erëffnung vun der Bourse un der Wall Street  um 15:30 Auer Lëtzebuerger Zäit erwaart. Réischt Enn lescht Woch hat een op der Wallstreet zu New York dee schwächsten Dag zënter 2020 verzeechent. Verschidden US-Expertinnen an Experte schwätzen elo scho vun engem Panic Monday. Vill US-Uleeër fäerten ëm hier Pensiounen an Erspuertes, déi se an Aktien ugeluecht hunn.

Virun enger Woch huet den US-President Donald Trump Importtaxe géint Dosende Länner annoncéiert. Nieft enger genereller Douanes-Tax vun 10 Prozent déi zënter e Samschdeg a Kraaft ass, solle Mëttwoch weider Taxen an Héicht vu bis zu 54 Prozent a Kraaft trieden. 

"Et misst een eng batter Pëll schlécken"

D’EU soll mat 20 Prozent besteiert ginn. En Entspanen am Taxe-Konflikt deit sech bis lo nach net un, och wann den US-President Donald Trump sech gespréichsbereet gewisen huet. Et misst ee sech heiansdo enger Behandlung ënnerzéien iert ee ka geheelt ginn, rechtfertegt den Donald Trump seng Approche. 

Méi wéi 50 Länner hätten iwwert de Weekend versicht e Kompromëss mat den USA ze fannen, fir de Steieren ze entgoen, huet den amerikanesche Finanzminister Scott Bessent am NBC Interview annoncéiert. Vir den Ament gesäit et awer net aus, wéi wann d’USA Wëlles hätte vun hiren Douanes-Taxen ofzegesinn. 

LuxX

De LuxX-Index vun der Bourse an der Stad huet kuerz viru Mëtteg net grad 4,1 Prozent nogi par rapport zur Clôture vun e Freiden. Am Verlaf vun der Seance, de Moien, hat de LuxX zum Deel souguer e Minus vun iwwer 5 Prozent opweises.

Lauschterenplay_arrow