Grond fir säin Depart wier, datt net just d‘Ampel-Koalitioun bei de leschte Bundestagswalen ofgewielt gi wier, mee och seng "politesch Iddi", esou nach de Robert Habeck. Hien hat no de leschte Bundestagswalen hesitéiert fir an de Bundestag ze goen.
arrow_back_ios
Noriichten
Däitschland
|Ex-Vizekanzler Habeck gëtt säi Bundestagsmandat op den 1. September op
De fréiere gréngen däitsche Wirtschaftsminister Robert Habeck gëtt säi Mandat am Bundestag op den 1. September op. Dat sot hien an engem Interview mat der Taz. Hie géif an Zukunft u verschiddene Fuerschungs- a Bildungsinstitutiounen enseignéieren a fuerschen.