arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ex-Arméisminister Bausch riskéiert Geriichtsprozess

Accident Waldhaff

|
headphones

1 min

Ex-Arméisminister Bausch riskéiert Geriichtsprozess

De fréieren Arméisminister François Bausch an de fréieren Arméischef Alain Duschéne musse sech elo viru Geriicht veräntwerten. Dat wéinst der Affär ronderëm den Accident, bei deem eng al Weltkrichsbomm am Militärlager um Waldhaff explodéiert ass.

headphones

1 min

François Bausch | © European Union
François Bausch (Foto: European Union)

Bei der Explosioun op Vältesdag 2019 waren zwee Ënneroffizéier vun der Arméi ëm d’Liewe koum an zwee aner Zaldote goufe schwéier blesséiert. 

Wéi et an engem Communiqué vum Parquet heescht wier d’Chambre du conseil zur Conclusioun komm, datt genuch Beweiser géife virléie fir den Ex-Minister an den Arméischef unzekloen.

Géint den deemolege Kommandant vum Service de déminage an ee weideren Offizéier goufen “Non-lieuen” ausgesprach.

Den Affekot vum François Bausch huet confirméiert, datt hie géint dës Decisioun an Appell goe wäert. De François Bausch selwer géif sech net zu der Affär äusseren.

Et gëllt d’Présomption d’innocence.